
Nächste Mëttwoch, um 1. Mee, ass deen traditionnelle Proufdag an der Kellerei zu Remerschen. Hei kennt Dir dann tëscht moies 10.00 an owes 19.00 déi beschte Wäiner aus deene 6 Vinsmoselle-Kellereien schmaachen an zu besonnësch genschtege Conditiounen kaafen. Ënner anerem deen herrleche Joërgang 2018, dee secher op deenen 42 km Musel zu deene Beschte gehéiert, d‘Serien „Château Edmond de la Fontaine“, „Jongwënzer“, „Coteaux de Schengen“, d‘„Charta Schengen Prestige“, d‘Vendange Tardive, de Stréiwäin, déi nei BIO-Wäiner, dee ganz neie Muscat Ottonel an déi ganz Gamme vu POLL-FABAIRE, an där deen neie Crémant VIGNUM, deen an der Barrique ausgebaut gouf, erausstécht. Fir 10 € kënnt Dir no Häerzensloscht schmaachen an Dir kënnt Äert Schott & Zwiesel Degustatiounsglas och haalen. All d’Wäiner kënnen direkt mat enger Remise vun 10 % matgeholl ginn a fir Iessen an Drénken ass beschtens a villsäiteg gesuergt! D’Kanner ginn optimal betreit a fir Live-Musek ass och gesuergt. Erhuelt Iech also um Dag vun der Arbecht um Proufdag an der Remerscher Kellerei an dee ganze Programm fand Dir am Detail op www.vinsmoselle.lu!