
Dëse Weekend maachen hei am Land d’Betriber neess grouss hir Dieren op
An dat am Kader vun der 14. Editioun vun de Journées Portes Ouvertes.
Dëst Joer stellen sech ënnert dem Thema « Dat ka Lëtzebuerg » 38 Betriber, ënnert dem Patronage vum Ministère fir Ekonomie, uechter d’ganz Land vir.
Vun ëffentleche Verwaltungen, Liewensmëttelproduzenten, Handwierksbetriber iwwer d’Automobil Industrie, Mediebetriber Fuerschungszentren, Gastronomie a Betriber fir d’Gesondheet.
14. Editioun vun de Journées Portes Ouvertes !
Weider Info an d’Lëscht vun de Participanten op www.portes-ouvertes.lu.