
Den Delhaize invitéiert nach bis e Mëttwoch 28. Oktober op hir grouss Clientsaktioun „Mäin Delhaize“. Et ass déi 2. national Editioun an deenen 19 Geschäfter hei am Land. No deene leschten onséchere Méint huet d’Direktioun vum Supermarché gehandelt a konsequent no vir gekuckt, andeems si exklusiv Partenariater ofgeschloss an den treie Client an de Mëttelpunkt gesat hunn.
Delhaize Lëtzebuerg huet sech esou mat LeasePlan Lëtzebuerg, der Spuerkeess a LuxBikes zesummegedo fir nach méi eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Offer auszeschaffen, déi op d’Solidaritéit vun deene 4 Partner fousst. Nieft engem nationale Concours soll des Aktioun och weise, wéi ee säin Auto richteg asetzt fir seng Kommissiounen all Woch ze maachen!
Wärend deene 14 geckegen Deeg am Delhaize entdecken d’Clienten also eng responsabel Aart a Weis fir hir iwwer 20.000 Liewensmëttel ze consomméieren an donieft och d’Virdeeler vun engem private Leasing Lease Plus op 100% elektresche Gefierer. D‘Distributioun an d’Mobilitéit also zesummen op enger Adress, op där den Delhaize déi perséinlech Relatioun mam Client an Zukunft nach wëll verdéiwe, mat Léisungen, déi iwwer den normale Service an der Grande Distributioun eraus ginn.