Am Centre Brasseur an der Stad20 Joer Corniche Bijoux

IPL
Entdeckt elo hier Gebuertsdags-Kollektioun

RTL-Business 6.12.2019 13h10

Corniche Bijoux, am Centre Brasseur an der Groussgaass an der Stad, feiert den 20. Anniversaire. Dat ass eng super Adress, wann Dir en handgemaachenen, exklusive Bijou sicht, vläicht och nach als Kaddo fir d’Feierdeeg. D’Martine Schmit an hier 4 Goldschmatten entwerfen Iech do eenzegaarteg an originell Bijouen aus Gold, Sëlwer an Edelsteng, op Mooss an no Ärem Goût a Budget. Si kënnen och Äert aalt Gold aschmëlze fir doraus en neie Bijou ze maachen, mat engem emotionelle Wäert. Entdeckt och elo hier speziell Kollektioun am Kader vum 20. Anniversaire. Elo an der Adventszäit ass d’Geschäft am schéinen Eck beim Kapuzinertheater an der Stad och all Sonndeg a Méindeg nomëttes vun 14.00 bis 18.00 an inspiréiert Iech och scho virun Ärem Besuch op martineschmit.lu.

www.martineschmit.lu

Back to Top
CIM LOGO