
Demy Schandeler feiert d’Ouverture vun 3 neien Agencen: Am Centre Commercial Cloche d’Or zu Gaasperech, zu Stengefort an de Reesbüro aus der rue des Bains an der Stad ass op de Boulevard Royal geplënnert. Fir dëst ze feiere gëtt et dës ganz Woch interessant Promotiounen an deenen 3 neien Agencen an dat op ville Produiten: LuxairTours, MSC-Croisièren, op Reesen aus der Demy Schandeler Summerbrochure, um Fly Away, Discover asw… an Dir kënnt och Reesen am Wäert vun 8.000 € gewannen. Den Haaptgewënn ass eng Discover-Rees op Bali. 2019 ass also e ganz erfollegräicht Joer fir de Famillgebetrib Demy Schandeler: si hu 70 Joer gefeiert, hier Jubiläumsreesen an Island an um Rhône haten e grousse Succès, mat Discover hu se eng nei Gamme vu wäite Reesen eraus bruecht, vun deenen déi op Kuba an op New York schon an enger Woch ausverkaaft waren. Desweideren huet Demy Schandeler och e wichtege Schrëtt a Richtung Elektromobilitéit gemaach, mat 5 neien E-Bussen a si goufe mam ESR-Label fir sozial responsabel Betriber vum INDR ausgezeechent.