Am Akafszenter Zolwereck3 nei Behandlungsraim bei „De Masseur“ zu Zolwer

IPL - sponsored content
Schenkt eng gutt Massage fir d'Feierdeeg!

Business RTL 13.12.2019

An deser groer an däischterer Zäit soll een sech vun Zäit zu Zäit eng Stonn Entspaanung gönnen a wou kinnt een dat besser, wéi an enger gudder Massage. A fir déi recommandéiere mir Iech „De Masseur“. De Mica Machado a seng Mataarbechter hunn hiere Cabinet zu Zolwer am Akafszenter Zolwereck elo nach weider vergréissert. Elo kënnt Dir do hier Massagen an Traîtementer an 3 verschiddene, relaxen a schéin decoréierte Raim genéissen. An deem Grousse vun deenen 3 kann een sech och zu 2 masséiere loossen, ënner Kollegen, Frëndinnen, d’Mamm mam Kand oder an der Koppel. Eng weider Neiegkeet: et kann een d’Servicer vun „De Masseur“ och elo online buchen. Op www.demasseur.lu kënnt Dir Iech Äere passende Rendez-Vous eraussichen an do kënnt Dir och hier beléift Kadosbonge fir d’Feierdeeg bestellen. Dir kritt déi awer natierlech och op hiere 4 Adressen um Lampertsbierg an der Stad, zu Gaasperech, zu Zolwer an zu Beetebuerg.

www.demasseur.lu

Back to Top
CIM LOGO