Happy Birthday! 45 Joer City Concorde Lifestyle Center

Andrea Galleti
Grouss gefeiert nach bis de Samschdeg

De City Concorde Lifestyle Center feiert seng 45 Joer.

An dat zanter en Dënschdeg, bis e Samschdeg nach mat.

Um Programm stinn eng sëllechen Animatiounen an Iwwerraschunge fir Grouss a Kleng.

Labyrinthen, e Walking Piano, verschidde Spiller, Atelieren, e klengen Zuch fir duerch de Lifestyle Center ze fueren a vill méi.

Natierlech gëtt et och e Gewënnspill, bei deem een als Präis eng Party an engem Party-Bus ka gewanne fir 45 Leit. Mat DJ a Gedrénks abegraff.

An e Freideg an e Samschdeg Nomëtten gëtt et dann och eng Kippche Schampes mat Kuch.

Méi info och op www.concorde.lu an op hirer Facebooksäit

24/04/2019 Business

https://www.facebook.com/cityconcorde

Back to Top
CIM LOGO