
Aral huet elo 5 nei Tankstellen zu Lëtzebuerg. Aral a BP, d‘Leaderen um Marché vun den Tankstellen zu Lëtzebuerg, verstäerken domat hiere Réseau. Elo ginn et där scho 57 uechter d’Land. D’Statioune Simon’s Plaza sinn och elo Aral-blo: déi zwou zu Gréiwemaacher, déi zwou um Potaschbierg a déi zu Angelduerf, déi och elo de beléiften, héichwäertegen Aral Ultimate proposéieren. Eng aner Neiegkeet: den Ultimate 102, deen eenzege Bensin um Marché mat 102 Oktan mat unerkannter Leeschtung, kritt een och elo zu Gréiwemaacher um Rond-point an um Potaschbierg. Des Vergréisserung vum Réseau laanscht déi däitsch Grenz mécht hiere Réseau natierlech nach méi attraktiv, och fir d‘Kaart BP + Aral Routex fir Professionneller a Betriber. D‘Aral-Kaart gëtt elo op 52 Aral-Tankstellen a 5 BP-Tankstellen acceptéiert, mee och op 42 Partner-Tankstelle vun Total uechter de Grand-Duché.