Zu Gasperech gëtt gefeiert50 Joer Garage Pirsch

IPL - sponsored content
Zanter 15 Joer Ford- an zanter 50 Joer Mazda-Concessionnaire

De Garage Pirsch feiert 50 Joer. Den 21. Abrëll 1969 hunn d’Anita an de Léon Pirsch de Garage op der Diddenuewener Strooss gegrënd, 1983 hunn d’Tania an 1995 den Ernest den erfollegräiche Famillgebetrieb weidergefouert, deen no an no op Hollerech a vun do op Gasperech geplënnert ass. Vun Ufank u ware si Concessionnaire vun der japanescher Marque Mazda - mat deem hallwe Joerhonnert also mëttlerweil ee vun den eelsten an Europa - an no enger Vergréisserung huet de Garage Pirsch 2004 och nach d’Marque Ford derbei geholl – déi feiert also elo hiere 15. Gebuertsdag am Showroom zu Gasperech. Deen huet 2.000 m2 Ausstellungsfläch a mat der Famill Pirsch feieren haut eng 45 qualifizéiert Mataarbechter. Mir gratuléiere ganz häerzlech a wënschen nach op mannst 50 Joer derbei!

RTL-Business 2.10.2019 13h20

www.pirsch.lu

Back to Top
CIM LOGO