
Dëse Weekend fänkt jo bekanntlech den Autofestival un. Et lount sech en Tierchen duerch d’Garagen am Ländchen ze maache, well dat ass jo déi Zäit an där all d’Neiegkeeten am a ronderem den Automobilsecteur ausgestallt gin. Dat ass am Garage Thommes zu Hiefenech an zu Miersch net anescht. Hei gëtt et nämlech nieft de sensationelle Festivals-Conditiounen op hire Marke Renault an Dacia, nach en zweete Grond fir ze feieren, an zwar feiert de Garage Thommes säi 60. Anniversaire. Eng laang Zäit an där sech déi bekannt Adress fir Autosfrënn den Ufuerderunge vun engem ëmmer Marché, deen a permanenter Mutatioun ass, ugepasst huet an ëmmer op de perséinleche Kontakt mam Client gesat huet. Dat bezuelt sech aus bis haut a mir wënschen nach op mannst 60 Joer derbäi. Feiert also mam Garage Thommes zu Hieffenech op der Haaptstrooss, zu Miersch um Mierscherbierg, an op www.thommes.lu.