
Stoll Maître Matelassier, deen eenzege Matrassefabrikant hei am Land, feiert säi 70. Anniversaire. De Client profitéiert vun hierer laanger Erfahrung an der Literie mat de Qualitéitsmatrassen, déi mat ëmweltfrëndleche a gesonde Matièren produzéiert ginn. D’Equipe vu Stoll Maître Matelassier beréid Iech professionnell an individuell fir Är passend Matratz eraus ze sichen, eng déi Äere Kierper entlaascht, virun allem do, wou ee wéi huet, a fir gutt an déif ze schlofen. Dat ass en Handwierk fir sech! Stoll Maître Matelassier weist Iech och gäer hier handgefäerdegt Matratzen an hierer Schlofwelt zu Eilereng, wou Dir Iech Äer Matratz kënnt eraus sichen an hier Produktioun besichen. Hiere City-Shop an der Stad ass och eng Visite wäert a vum 2. Januar un empfängt Iech Stoll Maître Matelassier mat hiere Schlofspezialisten och am ganz neie Geschäft zu Bäreldeng. All weider Informatioune fannt Dir op www.matelas.lu a mir wënschen der Firma Stoll nach 70 gesond Joer derbei!