
Vum Freideg 10.1. bis e Sonndeg 12.1. ass déi 8. Editioun vun ExpoCreativ an der Luxexpo The Box um Kierchbierg. 120 Aussteller aus 7 Länner bidden déi 3 Deeg neess super Produkter an enetleche Workshopen un. Woll, Stoffer, Stécken, Scrapbooking, Pärelen, Edelsteng, Stempele, Pabeier,… je, alles wat een esou brauch fir ze bastelen, ze molen, ze bitzen, fir an der Keramik oder am Glas, mat Teddybieren oder Poppen ze schaffen an all anere kreativen Hobby! E Freideg um 14.00 Auer mécht d’ExpoCreativ hir Dieren op bis owes um 19.00. E Samsdeg 11.1. ass op vu moies 10.00 bis owes 19.00 an e Sonndeg 12.1. vu moies 10.00 bis owes 18.00. Den Entrée kascht 6 € fir Erwuessener, 5 € fir Schüler, Studenten a fir Leit mat engem Handicap a Kanner bis 7 Joer komme gratis eran. Op www.luxkreativ.lu fand Dir d’Lëscht vun den Aussteller, vun de Workshopen an och Informatiounen iwwer de spezielle Bak- an Taarteberäich. Opgepasst: d’Entrée fir op d’ExpoCreativ ass nëmme méiglech iwwer d’Entrée Sud vun der Luxexpo The Box fir an d’Hal 3.