
Bâloise Assurance ass bis 2022 neie Sponsoring Partner vun der Skoda Tour de Luxembourg. D’Partenariat wat elo fir dräi Joer ënnerschriwwe gouf, soll de populäre Vëlossport national mee och op europäeschem Niveau fërderen.
De Grupp gëtt soumat ee vun den Haaptsponsore vum Skoda Tour de Luxembourg esou wéi och Sponsor vum „maillot jaune“.
Et wier en staarkt Signal sech an dësen Zäiten als Sponsor vun engem Sportsevenement z’engagéieren. Et wier een sech sécher, dass dëst Partenariat an den nächsten dräi Joer och seng Friichten droe wäert, sou den Andy Schleck – President vun der TDL Organisatioun, déi de Skoda Tour de Luxembourg organiséiert.
Déi 80. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg ass dëst Joer vum 15. bis de 19. September kuerz virun de Weltmeeschterschaften.