Vum 31. Januar bis den 3. FebruarAntiques & Art Fair Luxembourg an der Luxexpo the Box

IPL
Iwwer 100 Stänn op 4500m2

Vum 31. Januar bis den 3. Februar ass nees Antiques & Art Fair Luxembourg an der Luxexpo the Box um Kierchbierg ugesot. Dës Ausstellung ass e wichtegt Event fir all d‘Frenn vun Antiquitéiten an zäitgenëssescher Konscht. Hei kann een op iwwer 4500m2 a Ronn 100 Stänn Raritéiten aus vergaangenen Zäiten an eenzegaarteg Wierker entdecken. Wärend 4 Deeg kënne Visiteuren a Professioneller aus der Groussregioun sech kenneléieren an austauschen an zesummen op Zäitrees goen. Den Detail vum Programm an d’Ëffnungszäite fannt dir op antiquaires.lu

29/01/2020 Business

https://antiquaires.lu/

antiquaires.lu

Back to Top
CIM LOGO