
D’Spuerkeess huet eng nei Method eraus bruecht fir ze bezuelen :
De Client vun der Spuerkeess kann zanter en Dënschdeg mat “Apple Pay” bezuelen. Séier a bequem am Geschäft oder och Online iwwer Safari an dat mat sengem iPhone, iPad, senger Apple Watch oder mat sengem Mac.
D’Konfiguratioun vun “Apple Pay” ass och kannerliicht an Dir kënnt weiderhi vun alle Virdeeler vun Ärer Visa a Mastercard, esou wéi vun Ärer V-Pay Debitkaart profitéieren.
Online mat Safari muss ee mat “Apple Pay” och keen Account kreéieren oder laang Formulairer ausfëllen.
Sécherheet steet bei “Apple Pay” un éischter Stell, esou ginn Är Nummere vun de Kaarten ni um Apparat oder op den Apple-Servere gespäichert.
Méi Informatioune ginn et op www.bcee.lu/apple-pay oder www.apple.com/apple-pay.