
Fir der Kris ze trotzen an dem Verloscht vum Chiffre d’Affaires entgéint ze wierken, setzt och Artisal&Kern vun Eilereng verstäerkt op den online-Handel. Viru genee 10 Joer hu si déi éischt online Metzlerei hei am Land an d’Liewe geruff!
BCT.lu – d’Ofkierzung steet fir Boucherie, Charcuterie an Traiteur – ass ee séchere Wee fir sech mat frëschem Fleesch, Charcuterie a gefruerenem Fësch anzedecken! Doheem an aller Rou um PC bestallt, liwwert Artisal&Kern vu Méindes bis Freides a Confirmitéit vum HACCP. Ab engem Bestellwäert vun 80 € kritt Dir Är Commande bei d‘Hausdir geliwwert. Regional Produkter, mat héiger Qualitéit, an doniewt och exklusiv dat besonnesch gesond Fleesch vum letzebuerger Strauss.
Artisal&Kern féiere jo och d’Straussefarm zu Konter an do hätt jo elo wéi ëmmer elo am Mee déi beléift Porte Ouverte sollte sinn. Déi ka jo awer aus bekannte Grënn net sinn, duerfir notéiert Iech elo schonn den neien Datum: den 12. an 13. September um Haff An Nommesch vun der Famill Axmann-Reuter.