3 gutt Adressen mat "Take Away Service"Atelier Windsor, Hesper Park a B13

IPL
Bestelle kënnt dir ganz einfach iwwer Telefon, E-mail oder online.

RTL-Business 13.5.2020 13h15

Dir wëllt doheem bleiwen an Iech awer kulinaresch verwinne loossen? Dann hu mir direkt 3 gutt Adresse fir Iech, déi en Take Away Service proposéieren.

Ugefaang mam Atelier Windsor op der Stäreplaz, wou dir vu méindes bis freides Äre Plat bestelle kënnt, dorënner och d’Formule „BIP Gourmand“. All d’Menüen a Platen fann Dir op atelierwindsor.lu, des Woch och hire leckere Menü vum 1. Gebuertsdag.

Da recommandéiere mir Iech och de Restaurant Hesper Park, wéi den Numm et seet, matzen am Park zu Hesper. Hei kënnt dir vu méindes bis freides „à emporter“ bestellen. D’Menüskaart fann Dir op hesperpark.lu.

An „aller guten Dinge sind 3“: de Restaurant B13 zu Bartreng proposéiert den Take Away Service vun dënschdes bis samschdes. Den Detail fann Dir op hirem Internetsite b13.lu.

Bestelle kënnt dir ganz einfach iwwer Telefon, E-mail oder online.

A mir wënschen elo schon e gudden Appetit!

atelierwindsor.lu
hesperpark.lu
b13.lu

Back to Top
CIM LOGO