Neiegkeet zënter dem 1. Januar 2019AXA: Zousazpensioun fir Selbstänneger a Fräiberuffler

IPL
Informéiert Iech bei Ärem Agent

Zënter dem 1. Januar kënnen déi Selbststänneg esou wéi d’Fräiberuffler zu Lëtzebuerg an eng berufflech Zousazpensioun abezuelen déi hinnen et erméiglecht fir hir Pensioun virzesuergen a gläichzäiteg vun engem neien Steiervirdeel ze profitéieren. Mir maachen de Punkt mat AXA Lëtzebuerg :

Et ass ganz einfach eng Zousazpensioun fir Selbststänneg oder Fräiberuffler ofzeschléissen.Bei der AXA brauch een nëmmen e RDV bei engem Agent ze huelen. Als Agent erklären si Iech d’Konditiounen déi dir erfëlle musst fir vun esou enger Zousazpensioun profitéieren ze kënnen. Si maachen mat Iech zesummen eng Simulatioun iwwert d’Entwécklung vun ären Erspuernisser fir är Pensioun déi ärer Situatioun ugepasst ass a mir hëllefen iech beim Ausfëllen vun den administrativen Formalitéiten.

Wéi héich d’Steiererspuernis um Enn vum Joer ass alles hänkt vun ärem Akommes an vun ärem Besteierungsaatz of. D’Primmen déi der an dësen Régime abezuelt, ginn direkt am Ufank besteiert. Des Këschten mussen berécksiichtegt ginn fir deen effektiven Gewënn ze berechnen.

Ee Beispill: Een Fräiberuffler deen mat engem Spëtzesteiersaz vu 40% besteiert gëtt, huet esou eng Steiererspuernis an der Gréisstenuerdnung vu ronn 20% op den abezuelten Primmen.

AXA Lëtzebuerg huet e speziellt Produkt fir Selbststänneg a Fräiberuffler entwéckelt, wat hinnen erlaabt fir hier Pensioun virzesuergen a gläichzäiteg, am Fall vun Doud oder Invaliditéit, hiert Akommes an hier Famill oofzesëcheren. Eng ganz flexibel Léisung déi sech jidderengem upasst a vun engem neien Steiervirdeel profitéiert. Fir méi Informatiounen kontaktéiert ären Agent.
Kuckt och op

www.axa.lu

Back to Top
CIM LOGO