
Prêt oder “Leasing Opérationnel”?
Bei der Spuerkeess hutt Dir de Choix !
Am Kader vum Autofestival, bitt d’Spuerkeess Iech erëm extra-gënschteg Konditiounen op hirem “Prêt Personnel” un an dat vum 21. Januar un.
Dir musst awer net onbedéngt en Auto kafen, well d’Spuerkeess offréiert Iech d’Autofestivalkonditiounen och op engem Prêt fir en aner Wonsch oder Besoin ze finanzéieren.
Wann Dir just u Mobilitéit interesséiert sidd, an einfach en Auto wëllt mat deem Dir fuere kënnt ouni Iech em Pneuen, Assurancen, Revisiounen asw. ze këmmeren, dann ass de “Leasing Opérationnel” eventuell genee dat Richtegt fir Iech.
Besonnesch beim Kaf vun engem Elektro-Auto, bei dem d’Viraussoe vum Reschtwäert vum Auto haut nach schwiereg ass, ass “Lease Plus” vun der Spuerkeess eng ganz interessant Alternativ zum Prêt.
Der Spuerkeess hir Autofestivalkonditioune fannt Dir vum 20. Januar un op www.spuerkeess.lu.