
Jiddereen organiséiert sech wéi e kann: zum Beispill och de Restaurant Delicious zu Sandweiler. De Chef Serge Reuter zitt do den Ament eng « One-Man-Show » duerch fir seng Clienten wéi gewinnt beschtens ze zervéieren. Hie war jo nach ëmmer op der Sich no der gastronomëscher Perfektioun a gouf jo och doduerch 2007 als Lëtzebuerger Kandidat fir de Bocuse d’Or selektionnéiert, wou hien an d’Finale komm war. An zanter 2009 huet de Restaurant Delicious ouni Ënnerbriechung 2 Forchetten am Guide Michelin. Och wann de Restaurant elo wärend der Kris zou ass, esou wëll dat awer nët heeschen, dass Dir op dem Serge Reuter seng Spezialitéite musst verzichten! Au contraire: de Chef proposéiert Platen fir matzehuelen, déi Dir da just nach musst waarm maachen. Op der Kaart sinn des Woch zum Beispill eng Bisque de Homard oder eng Geméiszopp als Entrée an eng „Nage de Poissons“ mat Safranzooss a Penne, eng gutt Paschtéit oder e Mignon de Veau mat Champignonen als Plat. De Restaurant Delicious hëllt d’Commanden een Dag virdru just iwwer Telefon 35 01 80 entgéint an Dir kënnt Är Bestellung dann den Dag drop tëscht 11h30 an 14.00 op Nummer 21 op der Haaptstrooss zu Sandweiler ewech huelen. Mir wënschen e gudden Appetit an op www.delicious.lu fann Dir och no an no d’Menüen vun deenen nächste Wochen.