
D’Lëtzebuerger Musel an hir Wënzer si fir Iech do! Op www.vins-cremants.lu fann Dir d’Lëscht vun all deene 65 Wënzerbetriber, déi houfreg sinn, fir Iech hier Wäiner a Crémanten och an desen Zäiten heem ze liwweren. Eis Musel, dat sinn 1.295 Hektar Wéngerten an zum Beispill net manner ewéi 3 Millioune Fläschen excellente Crémant pro Joer! Derbei komme villerlee sëffeg wäiss Wäiner, rosé a rout an natierlech d’ « vendanges tardives ». De Fonds de solidarité viticole huet och 2 Labelen: den Ambassadeur an de gudde Patt. Vum 31. Mee bis den 1. Juni hätt jo sollen déi nächst Editioun vum beléifte „Wine Taste Enjoy“ sinn, dee jo awer aus bekannte Grënn huet missen ofgesot ginn. Grad duerfir ass et elo wichteg fir eis Wënzer ze ënnerstëtzen an Iech hir excellent Wäiner ganz praktesch heem ze bestellen. Op www.vins-cremants.lu huet de Fonds de Solidarité Viticole all seng Memberen opgelëscht. Dir kënnt si no der Uertschaft oder nom Numm sichen, mat alle prakteschen Detailler : wéi eng Wäiner si hunn, wéi eng Spezialitéiten, aus wéi enge Lagen, hir Telefosnummer, Internetsäit an email-Adress fir ze bestellen. Dee Site sollt Dir Iech awer och fir spéider verhalen, well, wann neess alles op ass, gesidd Dir do och d’Degustatiouns- a Restauratiounsméiglechkeeten, grad esou wéi déi Visiten, déi d’Wënzer proposéieren, op www.vins-cremants.lu.