Ganz einfach iwwer Telefon oder MailBestellt elo Är Wäiner am Domaine Henri Ruppert

IPL
Loosst Iech e.a. dee beléifte Summerrosé „La Plume Rosée“ heem liwweren

Business RTL 29.4.2020

Mam schéine Wieder vun de leschte Woche kann d’Grillsaison elo schonn ufänken an do daarf e gudde Pättche vun eiser Lëtzebuerger Musel natierlech net feelen. Passend dozou proposéiert Iech den Domaine Henri Ruppert vu Schengen seng „La Plume Rosée“, en erfrëschend sëffege Summerrosé. Dat ass deen ideale Rosé fir an der Sonn am Gaart oder op der Terrass ze genéissen.

Den Domaine Henri Ruppert, dee mëttlerweil net manner ewéi 20 Hektar Wéngerten op der Lëtzebuerger Musel bewirtschaft, bitt jidderengem dee passende Wäi fir all Geleeënheet, sief et flott wäiss Wäiner aus der Sélection 12, sprëtzeg Crémanten, séiss Wäiner, kräfteg Terroir- a Barriquewäiner oder och gehaltvoll rout Wäiner. Weider Infoen iwwert all d´Wäiner vum Domaine fannt Dir op domaine-ruppert.lu.

Et bleift keen um Dréchenen: bestellt einfach iwwer Telefon um 26 66 55 66 oder iwwer email op hruppert@pt.lu a scho kënnt dee beschte Wäin an Äere Keller! Den Domaine Henri Ruppert, d´Qualitéit ass hir Passioun... zanter 1680!

domaine-ruppert.lu

Back to Top
CIM LOGO