Bei der Famill Van de Sluis zu LampechBestellt elo Äre Wues wéi aus dem Billerbuch!

IPL
Beim eenzege Rollwues-Produzent hei zu Lëtzebuerg

Business RTL 24.4.2020

Wann een an dëser Zäit schon nët kann eraus goen, ass éen natierlech frou, wann een et doheem esou gemittlech ewéi méiglech huet. A wat ass do méi schéin, wann een d’Chance huet e bëssen Terrain ronderëm d’Haus ze hunn, wéi a senger eegener, schéiner grénger Wiss d’Natur ze genéissen. A wann een elo nët nach wochelaang wëllt waarde bis de Wues schéin ass, dann trëtt genee do d’Firma Copra-Rollrasen vu Lampëch an Äert Liewen. Si sinn deen eenzege Rollwues-Produzent hei zu Lëtzebuerg. Ouni groussen Opwand hutt Dir e Wues wéi aus dem Billerbuch! Propper, uniform an dicht. Zanter 24 Joer si si e Garant fir héichqualitative, fäerdege Wues, deen Dir entweder kënnt bei si op Lampech siche goen oder heem geliwwert kritt. Ausserdem steet d’Famill Van de Sluis an hir ganz Equipe Iech mat Rot an Dot zur Verfügung, wann et ëm Äre Projet geet, sief et privat oder fir de Betrib. Wann Dir also och geschwënn am Grénge wëllt sëtzen, da bestellt Äre Rollwues bei der Famill Van de Sluis zu Lampech an op www.rollrasen.lu an op hierer Facebooksäit.

www.rollrasen.lu

Back to Top
CIM LOGO