Eng Etude vu Mastercard beleed:Bezuelen ouni Kontakt ass eng Success-Story

IPL
Zu Lëtzebuerg gi 37% vun den elektronesche Paiementer ouni Kontakt gemaach

37% vun den elektronesche Paiementer ginn elo schon hei zu Lëtzebuerg ouni Kontakt gemaach. Dat ass eng Croissance vun 191%, seet Mastercard, déi déi Chiffere publizéiert hunn. Mam rezente Lancement vun Apple Pay an der domat verbonnener, sécherer „Tokenisatioun“ geet desen innovativen Trend nach weider an d’Luucht. An Europa gëtt elo scho bal all 2. Bezuelung ouni Kontakt gemaach – den absolute Leader ass hei Osteuropa a méi speziell déi tcheschech Republik mat 93%, wou et de „contactless payment“ awer och schon 20 Joer gëtt. Laut der Etude vu Mastercard hunn hei zu Lëtzebuerg 100% vun de Geräter an 93% vun den Terminalen déi NFC-Technologie. Déi gouf eréischt 2016 agefouert an eist Land huet also do eng ganz staark Entwécklung vir ze weisen. Zum Beispill 3mol méi wéi an der Belsch. Bei allem wat manner ewéi 25 € kascht, kann ee jo mat der Kaart ganz einfach a sécher ouni Kontakt bezuelen a spuert esou vill Zäit. Méi Detailler iwwer des Etude ginn et och op www.mastercard.com.

RTL-Business 2.10.2019 13h20

Communiqué de presse Mastercard Contactless

Back to Top
CIM LOGO