
D’Brasserie Nationale léisst elo bio-zertifizéiert Geescht fir de Béier Funck-Bricher produzéieren. Mat lëtzebuergeschen a belsche Bauere goufen am Norde vum Land an an der Province de Luxembourg eng 30 Hektar Biogeescht ugebaut. Des Kulturen hu vill Virdeeler fir eis Ëmwelt a fir d’Erhale vum Buedem. De But vun där kuerzer Filière ass natierlech fir den Transport an de kommerziellen Impakt ze reduzéieren mat just nach 3 Plaze wou no beienee produzéiert gëtt: beim Bauer um Feld, an der Malzréischterei hei vir an der Belsch an an der Brauerei zu Käerjeng. An dat alles ouni d’Qualitéit aus den An ze verléieren an d’Bio-Zertifikatioun an där ganzer Produktiounsketten ze respektéieren. Fir den ëmweltbewosste Konsument ginn et duerno natierlech och eng ganz Rëtsch vun Avantagen: en transparent Qualitéitsprodukt vun heiheem an aus der Groussregioun an e gutt Gewëssen, well d‘CO2-Emissioun immens kleng bleift. 2019 produzéiert d’Brasserie Nationale schon iwwer 2.000 hl Biobéier Funck-Bricher an duerch déi nei Kollaboratioun wäert dee Chiffre nach an d’Luucht goen, fir där ëmmer méi grousser Nofro u Bioprodukter nozekommen.