Mat lëtzebuerger Bio-Geescht aus dem Eisléck“Bofferding goes Bio”

IPL
En neie blonde Béier vum Typ Pale Lager, liicht ze drénken, mat engem liichte Goût vun Happ a Kären.

RTL-Business 10.6.2020 13h15

“Bofferding goes Bio”. De Boufferdéngsbéier ass jo zanter 150 Joer 100% natierlech an e Lëtzebuerger Produkt duerch an duerch, kuerz : “De Béier vun hei”. Als grouss Neiegkeet huet d’Boufferdéngsbrauerei dann elo e Bio-Béier op de Maart bruecht, lokal vun der Matière première bis zum Brauen! Lëtzebuerg huet den Terroir an och dat néidegt Wëssen heifir. Bofferding huet an deem Sënn e Partenariat mam IBLA, dem Institut fir Biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur, fir d’Filière vun der Lëtzebuerger Braugeescht ze förderen. Méi kuerz Weeër, vun deem esou vill wéi méiglech Leit solle profitéieren.

Zu Käerjeng hunn d’Braumeeschteren also an deem Sënn d’Bofferding Bio mat lëtzebuerger Bio-Geescht aus dem Eisléck gebraut, am Respekt vun der Traditioun. D’Resultat ass e blonde Béier vum Typ Pale Lager, liicht ze drénken, mat engem liichte Goût vun Happ a Kären. Den Design erënnert un dat frëscht Produkt an un de Bio, dee seng Wuerzelen déif am lëtzebuerger Buedem huet. Dee gouf och mat enger 100% lokaler Agence, mat Binsfeld, realiséiert.

Bofferding Bio kritt Dir elo emol am Sixpack an an der Këscht exklusiv am Cactus, a vum 15. Juni un och an deenen anere Supermarcheeën am Land an am Horesca-Secteur. Präisléch läit en eng 25% iwwer dem normale Pils, mee domat ënnerstëtzt ee jo och déi opwänneg lokal, qualitativ héichwäerteg Produktioun. Sollt de Bofferding Bio an der Fläsch e Succès ginn, ass och schonn dru geduecht ginn, fir en dann duerno och am Faass a Cafeeën a Restauranten ze zervéieren.

bofferding.lu

Back to Top
CIM LOGO