5 geckeg DeegBraderie an der Belle Etoile

IPL
Profitéiert vu lauter gudde Affairen

26/08/2020 Business

Vum 27. bis den 31. August ass déi grouss Braderie an der Belle Etoile
Eng Braderie déi duerch d’Ëmstänn net wéi ëmmer ass.
Et si manner Animatiounen fir d’Sanitärsëmstänn ze respektéieren mee manner ass heiansdo méi...iech erwaarden méi gutt Affären an alle Geschäfter.
E Sonndeg ass d’Belle Etoile vu moies 9 bis owes 7 riicht duerch op a nieft de gudden Affären an de Geschäfter erwaarden iech och Braderiesmenuen an de Restauranten fir dee klengen Honger tëschenduerch.Am alen Cactus Inn Restaurant ass eng Mini Fouer organiséiert wou dir iech bei der Friture Joslet verwinne loosse kennt an de Fouerfeeling awer e bësschen kënnt erliewen.
Dir déi déi Moies fréi un sinn gëtt et gratis Kaffi a Croissant vun 8 bis 10.
Erlieft 5 flott Deeg an der Belle Etoile mat Animatioun a Musek am ganze Shopping Zenter an all Client kritt an all Buttek e Rubbelticket an domadder d’Chance ee vun 3000 Kaddoen ze gewannen.
Entdeckt an engems déi nei Butteker, den Traiteur Cocottes an Chaussures Léon.

Méi Info op belle-etoile.lu

belle-etoile.lu

Back to Top
CIM LOGO