Elo all Sonndeg mat engem grousse BuffetBrunch am Centre Aquatique Krounebierg zu Miersch!

IPL
Fir déi Erwuesse kascht de Brunch 19,50 €, Kanner vun 2 bis 14 Joer bezuelen nëmmen 9,50 €!

Um Krounebierg, dem Centre aquatique zu Miersch, kann een och elo Sonndes brunchen. Do wou anerer hier Längten zéien, kënnt Dir Iech och parallel verwinne loossen. Zanter 2014 bedreiwt de „Centre aquatique Krounebierg“ säi Bistro an eegener Regie an huet seng Offer regelméisseg ausgebaut. De ganzen Dag iwwer gëtt liichte Kascht ugebueden a Mëttes gëtt et eng Kaart, déi och ëmmer um Internet aktualiséiert gëtt. A Sonndes invitéiere si Iech also elo op de Brunch mat engem grousse Buffet mat kaalen a waarme Platen, Desserten, frësch gepresste Jusen, Smoothies a waarmem Gedrénks. Fir déi Erwuesse kascht de Brunch 19,50 €, Kanner vun 2 bis 14 Joer bezuelen nëmmen 9,50 €. Aus dem Bistro eraus huet een iwwregens eng super Vue an d’Schwämm an op d’Wiss vum Centre Aquatique. Am Summer kann een och do op der Terrass sëtzen a mam Lavendel ronderëm méngt Dir bal, Dir wiert an der Vakanz. De Bistro kann een iwwregens och besichen, wann een net an d’Schwämm geet. Kuckt Iech hier ganz Offer un op www.krounebierg.lu.

RTL-Business 1.3.2019 13h20

www.krounebierg.lu

Back to Top
CIM LOGO