
De City Concorde Lifestyle Center op der Longécher Strooss zu Bartreng ass elo all Sonndeg am Dezember op. Dat ass jo déi ideal Shopping-Adress elo fir d’Feierdeeg! An der waarmer Chrëschtambiance fannt Dir op hirem Chrëschtmaart „Winter Wishes“ nach bis Hellegowend dausende vu flotte Kaddos-Iddien, grad esou wéi och an de Geschäfter. Fleurs Kill proposéiert Iech Chrëschtbeemercher bei der Entrée Vendôme, all Weekend ass fir musikalesch Animatioun am Lifestyle Center gesuergt an all Sonndeg am Dezember ass op vun 10.00 bis 19.00 Auer. E Freideg 27. Dezember ass déi grouss Nocturne bis Mëtternuecht! Loosst Iech och kulinaresch verwinne an deene sëllege Restauranten, profitéiert vum gratis Parking an e Chèque Cadeau aus der City Concorde, deen egal wéini an alle Geschäfter a Restauranten kann ageléist ginn, kënnt sécher gutt un! Inspiréiert Iech op concorde.lu.