
D’CMCM probéiert senge Memberen an dese schwéieren Zäiten esou gutt et geet ze hëllefen. D’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste huet nämlech decidéiert dass all Member, deen nach an der Karenzzäit ass, grad esou wéi all neie Member, d‘Prise-en-charge am Fall vun enger Coronavirus-Hospitalisatioun garantéiert kritt. Si huet och schonn all hier Uspriechpartner an de jeeweilege Kliniken doriwwer informéiert. An nach eng aner wichteg Informatioun fir hir Memberen: och wann hir Büroë fir de Public zou sinn, ass awer en Deel vun hire Mataarbechter present fir d’Remboursementsdemanden an aner wichteg Dossieren ze traitéieren. D’Membere kennen nach ëmmer hir Demandë per Post, per e-mail oder iwwer d’CMCM-App eraschécken. D‘CMCM-App ka gratis op de Smartphone erofgeluede ginn. All weideren Update oder News iwwert d’CMCM fannt Dir op cmcm.lu an op hirer Facebook-Säit. Fir ofzeschléissen bied d’CMCM jiddereen d’Direktiven ze respektéiere fir esou e Maximum un Infektiounen ze verhënneren. Passt op Iech an Är Matmënschen op.