Elo kann de Summer kommen: De Centre Aquatique zu Miersch geet nees op

IPL
Nei Ëffungzäite fir d’Schwämm

No de Geschäfter a Restauranten, ginn elo och nees lues a lues d’Schwämmen uechtert d’Land op, esou och de Centre Aquatique zu Miersch. Niewent den neien Hygiènesmesurë gëlle vun elo un och nei Ëffungzäite fir d’Schwämm.

An och de Bistro vum Krounebierg mécht nees seng Dieren op. Hei hutt Dir fräien Zougang op d’Terrasse, an och an de Restaurant. Vu Méindes bis Freides bitt de Bistro all Mëtteg säi Plat du jour un, a Snacks ewéi Zaloten, Sandwichen oder Cocktails kritt Dir de ganzen Dag hei zerwéiert.

De Wellness-Beräich vum Krounebierg bleift awer bis op weideres zou. Fir méi Infoen zu den Hygiènesmesuren an den Ëffnungszäite kuckt och op krounebierg.lu

12/06/2020 Business News

http://www.krounebierg.lu/online/www/function/homepage/DEU/index.html

www.krounebierg.lu

Back to Top
CIM LOGO