Um modernste Stand no villen InvestissementerDe Parc Hotel Alvisse****+ zu Dummeldeng

IPL
Déi ideal Plaz fir kleng oder grouss ze feieren.

De 4-Stäre+ Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng huet sech an de läschte Joëre konsequent moderniséiert. Wann Dir scho laang net méi do waart, da lount sech de Besuch op alle Fall, zumols wou den Accès iwwer d’Nordstrooss elo nach besser ass. Deen onofhängege Famillgebetrib vun der Famill Alvisse ass eent vun de gréissten Haiser am Land an huet regelméisseg vill an hier Infrastrukturen investéiert. Am Parc Hotel Alvisse fand Dir e Restaurant mat 180 Plazen, 325 modern Schlofkummeren, „Confort“, „Supérieur“, Suiten a Luxus-Studioen, déi een och fir méi laang Zäit ka lounen, e komfortabele Bar, eng grouss Terrass mat 80 Plazen, 14 Säll fir 14 bis 1500 Leit, déi ee fir all Zort vun Event ka privatiséieren, eng Keelebunn, e Pingpong an e Fitness-Sall, e Spa mat Sauna an Hamam, eng bannenzécht a baussenzécht Schwämm a gratis Wifi am ganzen Hotel. E läit jo och ideal fir eng Vakanz heiheem, matzen am Gréngs, ideal fir zu Fouss oder mam Velo de Gréngewald ze entdecken, a bitt senge Client 480 Parkplazen. Am Restaurant „La Veranda“ erwaard Iech eng Menüskaart mat lëtzebuergeschen a franséische Spezialitéiten, eng schéi Wäikaart a regelméisseg flott Themenowender, Suggestiounen an all Dag e Plat du jour. Kuckt Iech am Beschten hier aktuell Offer un op www.parc-hotel.lu.

RTL-Business 26.4.2019 13h20

www.parc-hotel.lu

Back to Top
CIM LOGO