Vum 10. bis den 18. OktoberDe Schëfflenger Schräiner op der Home Expo

IPL
Um Stand C15 an der Hal 2

09/10/2020 Business News

Op der Home Expo an der Luxexpo recommandéiere mir Iech e Besuch beim Schëfflenger Schräiner. De Schëfflenger Schräiner schafft jo nëmme mat gesondem, massive lëtzebuerger Holz, ouni Chimie an hien huet seng eege Seeërei op Nummer 34 an der rue du moulin zu Schëffleng. Kichen, Parquet, “Natura"-Trapen, Dressinge, Miwwelen, Dieren an Hausdieren.

D‘Clienten kënnen an der Schräinerei alles kontrolléieren, ier et montéiert oder geluecht gëtt, fir dass Dir net kënnt enttäuscht ginn. National Produkter, no bäi an nohalteg: esou mécht d’économie circulaire Sënn.

Bei Renovatiounen hutt Dir och just een eenzegen Uspriechpartner: entweder de Lino oder ee vu sengen 2 Jongen, d’Zukunft vum Schëfflenger Schräiner. Besicht si um Stand C15 an der Hal 2 oder bei hinnen an der Schräinerei.

Back to Top
CIM LOGO