Fischer a Scouting in LuxembourgDe Scoutsfoulard vu Fischer

IPL
20 Cent ginn un d’FNEL an d’LGS gespent

Nach bis de 6. Oktober huet d’Boulangerie Fischer e Partenariat mat „Scouting in Luxembourg“.

Scouting in Luxembourg bréngt béid Verbänn vun de Scouten, d’FNEL an d’LGS zesummen.

Fir d’Aktioune vun de lokale Guiden a Scouten z‘ënnerstëtzen huet Fischer e Gebäck a Form vun engem Scoutsfoulard hiergestallt. Dës Foulard besteet aus Schockela, dee gedréint gëtt an Hieselnoss-Bliederdeeg.

Pro leckere Scoutsfoulard dee verkaf gëtt, ginn 20 Cent un d’FNEL an d’LGS gespent.

Duerch dës Aktioun dréit Fischer dozou bäi aktiv d’Ausbildung vu benevolle Scout Cheffen z‘ënnerstëtzen, déi zoustänneg si fir d’Ausbildunge vu jonke Scouten a fir d’Programmatioun zäitgenëssesch a flott ze gestallten.

Back to Top
CIM LOGO