E ronne Gebuertsdag: De Weltbuttek zu Dikrech feiert 10 Joer

IPL
Flott Kaddosiddien fir ënnert de Beemchen

De Weltbuttek zu Dikrech setzt sech schonn zanter 10 Joer fir de fairen Handel an mat Qualitéitsproduiten aus Afrika, Asien a Latäinamerika. Hei fënnt een allerhand Produiten ewéi aromatesche FAIRTRADE Kaffi, aussergewéinlech Kaddosiddien, Bijouen a fair Textilien. Am Weltbuttek zu Dikrech waart donieft eent vun de gréisste faire Schokla-Assortimenter op Iech, vun der klassescher Tablette iwwer Trüffe bis bei Knippercher fir all Goût, an d‘Ieselsknippercher dierfen natierlech och net feelen. De Weltbuttek fannt Dir op der Nummer 4, Place Joseph Bech zu Dikrech.

27/11/2019 Business

weltbutteker.lu

Back to Top
CIM LOGO