D'Grillsaison ass agelaut!Déi 10 gutt Zoossen aus der Moutarderie de Luxembourg!

IPL
4 Zorte Moschtert, 3 Zorte Mayonnaise, Ketchup, Sauce Andalouse an eng BBQ-Zooss

Business RTL 1.5.2020

Mam schéine Wieder aus de läschte Wochen ass déi nei Grillsaison dann och schonn agelaut, an do daarfe gutt Lëtzebuerger Produkter natierlech net feelen. Ënner anerem déi gutt Zoossen aus der Moutarderie de Luxembourg!

Et sinn der am Ganzen 10, ouni Konservéierungsstoffer a glutefräi : 4 Zorte Moschtert (Original, forte, “à l’ancienne” a bio), 3 Zorte Mayonnaise (mat Eer, Zitroun an “à l’ancienne”), Ketchup, Sauce Andalouse an och eng super BBQ-Zooss! Am Bokal, an der Tube, am Eemer oder am prakteschen Topdown.

Méi Informatiounen iwwer déi ganz Gamme, hir Geschicht an och flotte Rezeptiddie fann Dir op www.moutarderie.lu an op hirer Facebook-Säit! Moutarderie de Luxembourg: 100% Geschmaach, 100% Traditioun.

www.moutarderie.lu

Back to Top
CIM LOGO