
opti-vue ass beméit zanter dem Ufank vum « Etat de crise » mat Permanencen a Rendezvous’en fir Iech do ze sinn an ze hëllefen. Zanter dëser Woch sinn hir 13 Geschäfter rëm op, dat mat zum Deel reduzéierten Ëffnungszäiten a Personal. Duerfir kuckt op www.optivue.lu op hirer Facebook-Säit an op Instagram, fir déi permanent aktualiséiert Zäiten ze fannen. An all den opti-vue Geschäfter gëtt natierlech mat den néidegen Hygiène-Moossname geschafft fir Iech an och hiert Personal, de Recommandatiounen no, ze schützen. Donieft kënnt Dir Iech och är Kontaktlënsen a Produiten heem schécke loosse, wann dir nach net wëllt rausgoen. opti-vue an all hir Mataarbechter soen Iech awer och elo schonn #nicetoseeyouAGAIN!