
Mat CFL Evasion an d’Vakanz fueren, dat geet bei hinne schonn an der frësch renovéierter Agence un.
An dat nach ëmmer nieft der Stater Gare.
Ma net nëmmen d’Agence huet sech opgefrëscht, ma och de Logo weist sech am neien Design.
Mat laangwierege Partner, wéi der ULT, Luxair Tours, TUI, Ameropa a ville weidere stellen se Är Dramrees, zesummen mat Iech op d’Been.
Op mam Zuch, mam Bus, Fliger, Schëff oder och mam Auto, hei gëtt et näischt wat et net gëtt.
Eng ganz interessant Destinatioun ass zum Beispill och d’Weltausstellung zu Dubai 2020, wou CFL Evasion Iech eng sëlleche Packagen ubidden.
Dir fannt si an der neier Reesagence op der gewinnter Adress nieft der Stadter Gare an op www.cflevasion.lu.