
D’ Chambre des métiers huet fir hir Memberen eng Hotline ageriicht fir op déi aktuell Situatioun ze reagéieren.
Si hëllefen de Betrieber sech séier un dat schwieregt Ëmfeld unzepassen a beroden individuell op wirtschaftlecher a juristescher Basis.
#BoostHandwierk ënnerstëtzt d’Betriber a fënnt déi bescht Méiglechkeeten fir e neie Start oder eng Weiderentwécklung.
No enger éischter fakultativer Finanzdiagnose bidden Betribs- an Rechtsberoder vun der Hotline #BoostHandwierk eng individuell Begleedung an, am Fall wéi et néideg ass besteet d’Méiglechkeet vun enger externer Berodung déi méi wäit geet am Kader vu verschiddene Partnerprogrammer (ReAct/House of Entrepreneurship, Mutualité des PME a Luxinnovation)
Duerch dës Offer gi verschidden Themeberäicher ofgedeckt:
eng éischt Analyse vu de finanziellen Eckwäerter, Staatlech Bäihëllefen am Zesummenhang mam COVID-19 an déi juristesch Berodung.
Doriwwer eraus bitt d’Chambre des Métiers den Handwierksentreprisen am Kader vun dëser Initiative #BoostHandwierk eng Serie vu Webinare un, déi sech op dës Themen bezéien.
Méi Info och op boosthandwierk@cdm.lu