Op der Sich no engem Job?Déi zweeten Editioun vum CFL Jobdating

IPL
8 Minutten direkten Austausch fir Är Stäerke perséinlech ervirzehiewen

Vun e Samschdeg bis de 24. Mee organiséiert d‘CFL déi zweeten Editioun vum Jobdating a 7 Garen uechtert d‘Land.

Beim Jobdating hunn d’Leit, déi en neien Job sichen, d’Méiglechkeet sech an de Garen direkt bei de Recruteure vun der CFL um Stand virzestellen.

Wärend dësem direkten Austausch vun 8 Minutten hunn d‘Kandidaten d’Chance, hir Stäerkte perséinlech ervirzehiewen. Eng flott a manner formell Alternativ also zu enger klassesch-geschriwwener Kandidatur.

E besonnesch interessanten Event gëtt direkt, de Samschde vun 10 bis 4 op der Gare Lëtzebuerg organiséiert,

wou d’Kandidate vun den CFL-Recruteuren am Zuch empfaange ginn, sech am Erliefnis-Zuch mat Mataarbechter aus de verschiddenste Beruffer austausche kënnen, an d’Stellwierk zu Beetebuerg an d’Garagen, wou den Entretien vun den CFL Busse gemaacht gëtt, kënne besiche goen.

All Informatiounen zu dësen Evenenter op jobscfl.lu/jobdating.

17/05/2019 Business

www.jobscfl.lu/jobdating

Back to Top
CIM LOGO