
« Merde alors ! » war eisem Ausseminister Jean Asselborn seng Äntwert op dem italieneschen Innenminister Matteo Salvini seng denigrant Aussoe géigeniwwer Flüchtlingen. An den Asport schléisst sech där Äntwert un an huet doropshin zesumme mat den Artiste Will Kreutz an Gigi Schmit T-Shirten entworf mam Sprooch « Merde alors ! » vir um Nation-Branding Logo.
Den Erléis geet u « Sportunity » déi d‘Integration vun de Flüchtlinge mat Hëllef vu Sport vereinfach. E Chèque vun 10.000€ ass schonn de 6. Mee u Sportunity gaangen. D’Iwwerreechung war am Scoop86 an der City Concorde, wou esouwuel de Jean Asselborn, ewéi och d‘Francine Closener, Sportunity an déi Responsabel vun Asport op der Plaz waren.
« Merde alors ! » huet awer och de Florian Klenk, Chefredakter vun “Der Falter” inspiréiert, dee sech mam Auteur Doron Rabinovici zesumme gedoen huet fir e politescht Theaterstéck auszeschaffen. D’Theaterstéck wat am Burgtheater zu Wien opgefouert gëtt, gëtt vu 4 Actrice gespillt, déi déi bescht Anekdote vun diverse politesche Personalitéiten ervirhiewen.
Eng eenzeg Virstellung gëtt ausnamsweis och zu Lëtzebuerg opgefouert, an zwar den 10. Mee um 8 Auer Owes am groussen Theater an der Stad , mat ofschléissend engem Debat un deem d’Auteuren an och de Jean Asselborn wäerten deelhuelen. Hei ginn et iwwreges nach Plazen.
A wann och dir dës Valeuren ewéi Solidaritéit, Humanismus an Zesummeliewen deelt, et ginn nach T-Shirten op asport.lu , esou wéi an allen Asport a Scoop86 Geschäfter.