„Eischtklasseg Reese“ fir all Goût an all PortmonniDen neie Wanterkatalog vu Voyages Emile Weber ass do!

IPL
Kultur an Erhuelung, Christmas-Shopping, Chrëschtmäert, Sylvesterreesen a ganz nei Ski- a Wandervakanzen

30/09/2020 Business News

Den neie Wanterkatalog vu Voyages Emile Weber ass do! Dee schéine Cover vun der Kënschtlerin Lucile Matter luet schonn an op eng relax Wantervakanz. Vu Kultur an Erhuelung, iwwer Christmas-Shopping, Chrëschtmäert a Sylvesterreese bis hin zu den neiste Ski- a Wandervakanze bleiwe keng Wënsch op. D’Gesondheet an d’Sécherheet vun hire Clienten hunn dobäi fir Voyages Emile Weber bei all Rees déi ierwëscht Prioritéit.

D‘Kultur- & Erhuelungsreese bréngen Iech zum Beispill an Holland an an d’Normandie, am Fréijoer huele si Iech mat a Ligurien, op Berchtesgaden oder an d‘Provence. Déi aussergewéinlech „Prestige Class“-Reese gi Chrëschdag op Fuschl am See oder an der Ouschtervakanz bei dat royalt Windsor Castle. E Ski-Weekend zu Meiringen oder Erliefneswanderreesen op Seefeld an op de Gardaséi, en Ausflug an d’Elbphilharmonie, op d‘Ouschterfestspiller zu Baden-Baden an den Neijooschconcert vum André Rieu zu Antwerpen verspriechen Héngerhaut pur.

Musicals zu Hamburg a Stuttgart, verschidde Foiren, Reese fir een Dag an d’Fräizäitparken rënnen déi „éischtklasseg Reese“ vu Voyages Emile Weber dann nach of.

Den neie Katalog kritt Dir an all hire Reesbüroen uechter d’Land an op www.emile-weber.lu kënnt Dir och derduerch bliederen an e bestellen.

www.emile-weber.lu

Back to Top
CIM LOGO