Vum 26.9. bis de 4.10.D’Hierschteditioun vum Miwwelfestival

IPL
Déi 24 Geschäfter, déi beim Miwwelfestival matmaachen, sinn och dëse Sonndeg 27.9. an op Pappendag Sonndes de 4.10. fir Iech op.

25/09/2020 Business News

Dese Samsdeg 26.9. fänkt d’Hierschteditioun vum Miwwelfestival un, an dat mat villen Neiegkeeten an de Visiteur wäert dee sinn, dee bis e Sonndeg 4. Oktober dovu profitéiert! Ballonen a Fändele weisen Iech Äre Wee bei déi gutt Affären - de Miwwelfestival ass jo déi Geleeënheet schlechthi fir sech doheem nei anzeriichte mat schéine Miwwelen an där passender Dekoratioun, an dat zu deene beschte Konditiounen! Donieft ka jidderee bei engem grousse, gratis Concours matmaachen an ee vu ville super Präisser gewannen : en Ausflug mat engem Tesla, eng Rees op Paräis a vill méi. Déi 24 Geschäfter, déi beim Miwwelfestival matmaachen, sinn och dëse Sonndeg 27.9. an op Pappendag Sonndes de 4.10. fir Iech op.

Um Site vun der Fédération Luxembourgeoise de l’Ameublement www.fedam.lu oder www.ameublement.lu fannt Dir d’Lëscht vun alle Geschäfter, déi matmaachen an déi natierlech all déi aktuell sanitär Reegele respektéieren : et sinn dat Miwwel Alvisse, Miwwel Thill, Miwwel Oestreicher, Studio-Land, Roche Bobois, Tousalon, d‘Galerie Moderne, Conforama, d‘Maison du Lit, d‘Literie Kandel, Meubles Carlo Scheer, Kiche Concept, Beim Ruhl, de Kichechef, Cabinet Schranksysteme, Matelas Stoll, Deckerline, Sichel, Dormahome, Lucien Schweitzer, Beim Fiischen, Meubles Mich Gillen, House of Comfort a BoConcept.

Hinnen all an hire Clienten wënsche mir en erfollegräichen Hierscht-Miwwelfestival 2020!

www.fedam.lu
www.ameublement.lu

Back to Top
CIM LOGO