Eng nei Marque fir Miel a Pasta:D'Klengbettener Millen lancéiert "Le Moulin"

IPL
2 nei Gammen mat 100% lëtzebuerger Weess

D’Klengbettener Millen huet eng ganz nei Marque lancéiert mam Numm “Le Moulin”. Ënnert dëser neier Marque fënnt ee vun elo un 2 nei Gammen u Produiten aus 100% lokalem Weess.

Dorënner di éischt Pasta aus 100% lëtzebuerger Schmull an dann eng zweet Gamme u verschiddene Mielzorten, déi vun elo un ganz einfach um Packaging z’ënnerscheede sinn, well grouss dropsteet fir wéi een Zweck wéi ee Miel ka gebraucht ginn an dat ganzt gëtt nach eng Kéier mat verschiddene Pictoen a Symboler ënnerstrach.

Ob der also lo Miel fir ze baken a kache braucht oder einfach Loscht op eng lecker Pasta vun heiheem hutt, Dir fannt d’Produite vu “Le Moulin” vun elo un an alle Supermarchéen an op lemoulin1704.lu

16/09/2020 Business News

https://www.lemoulin1704.lu/

www.lemoulin1704.lu

Back to Top
CIM LOGO