
D’Membere vun der Fedamo, d’Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité, si weider fir Iech do! Zanter der Decisioun vun der Regierung all ëffentlech zougänglech Geschäfter zou ze maachen, ware jo och all d’Showroorme vun de Garagisten zanter dem 16. Mäerz zou. Dringend Reparaturen an Entretienen sinn awer weiderhi méiglech. D‘Fedamo krut an de läschten Deeg vill Telefonen, wou si gefrot goufe wéi eng Garagen a Concessionnairen esou en Noutdéngscht garantéieren. Fir d’éischt soll ee sech mat der gewinnter Garage a Verbindung setzen, oder am anere Fall mat der Mobilitéitshëllef vum Auto, de Leasingsgesellschaften oder dem ACL.
Ouni vläicht komplett ze sinn, fann Dir elo emol schon op www.fedamo.lu eng Lëscht vun de Membere vun der Fedamo, déi esou en Noutdéngscht ubidden, mat der Telefonsnummer an der email-Adress. Dës Lëscht ass awer ouni Garantie: op eng Reparatur néideg an absolut noutwendeg ass läit ëmmer nach am Jugement vun all Garage an hängt jo och vun der Disponibilitéit vun den Ersatzdeeler of.
D’Fedamo an hir Membere soen hire Clienten villmols Merci fir hiert Versteessdemech a wënscht hinnen eng gutt Gesondheet.