Elo am neie Look :D'Purple Lounge am Casino 2000 zu Munneref

IPL
Och ganz nei : d'Snackbar

D’Purple Lounge weist sech elo an engem neie Kleed.

Mat „Urbain Chique“ beschreift de Casino 2000, den zäitlos an elegante Kader vun der neier Purple Lounge, déi Iech wéi gewinnt de ganzen Dag iwwer Wëllkomm heescht.

Vill naturel Elementer, gemëscht mat schummereger Luucht, leeën de Grondstee fir zu Munneref e flotte Moment ze verbréngen.

Ganz nei ass elo och d’Snackbar am Casino 2000.

Op Dir grad eng Paus vun de Spillmaschinne maache wëllt oder bei engem Event eppes fir „de klengen Honger“ braucht :

D’Snackbar bitt Iech kleng Platen un, Kaffi an och kaalt Gedrénks.

Kommt an iwwerzeegt Iech am beschte selwer.

25/10/2019 Business

Back to Top
CIM LOGO