Elo och op hierer neier AdressDressingen op Mooss an der Maison du Lit

IPL
Op Nummer 1 an der rue des Eglantiers zu Stroossen

RTL-Business 24.1.2020 13h10

D’Maison du Lit mécht och elo op hirer neier Adress och Dressingen op Mooss. Elo ass de Spezialist vum gudde Schlof schonn 2 Joer op Nummer 1 an der rue des Eglantiers zu Stroossen. Fir déi, déi et nach net wëssen: do fuert Dir op der Héicht vun der Nummer 148 op der Areler Strooss, bei Post a Spuerkeess, laanscht de Maxi-Vins eran an do hutt Dir dann och direkt am neie Quartier Parkplaze virun der Dir. D’Maison du Lit mécht Iech dann och do Dressingen op Mooss, mat engem gratis Devis fir de Client. Zanter 1986 bitt d’Maison du Lit jo individuell Léisunge fir gutt a gesond ze schlofe mat Qualitéitsmarken ewéi Vispring, Lattoflex, Schlossberg, Tempur, Swissflex, Schramm oder Auping fir nëmmen déi ze nennen. Si liwwere bei Iech heem, montéieren d’Schlofkummeren an Dir profitéiert vun der laanger Garantie. Neierdéngs ass d’Maison du Lit och op facebook an nach ëmmer op www.maisondulit.lu.

www.maisondulit.lu

Back to Top
CIM LOGO