1.000 Referenzen am Waasser, Soft Drinks, Béier, Wäin an Alkoholdrinx.lu: den neien e-commerce-Site vu Munhowen

IPL
Fir de Lancement vun www.drinx.lu ass déi 200. Commande an engem Bestellwäert vu maximal 150 € elo gratis !

Business RTL 1.5.2020

Munhowen huet elo en neien e-commerce-Site fir den Drinx lancéiert. Et gi mëttlerweil 10 Drinx-Geschäfter uechter d’ganzt Land an elo hu si sech also am Verkaf iwwer Internet nei opgestallt, fir der aktueller Demande nozekommen. Elo kann ee sech säi Gedrénks an e puer Klicken heem liwwere loossen, ouni Minimum fir d’Bestellung! www.drinx.lu proposéiert iwwer 1.000 Referenzen am Waasser, Soft Drinks, Béier, Wäin an Alkohol.

De «clic & collect» ass natierlech och méiglech. Des Strategie gouf vun der Firma Munhowen scho virun engem Joer ausgeschafft a mat der aktueller Kris hunn déi Responsabel de Projet dunn acceleréiert fir all de Clienten elo schonn d’Méiglechkeet ze ginn, fir sech heem liwweren ze loossen. E logesche Schrëtt fir de Leader um Gedrénksmarché zu Lëtzebuerg.

Fir de Lancement vun www.drinx.lu ass déi 200. Commande an engem Bestellwäert vu maximal 150 € elo gratis ! Vill Gléck !

www.drinx.lu

Back to Top
CIM LOGO