
D’Sources Rosport hunn des Woch hier TNS-Etude iwwer d’Waasserconsommatioun zu Lëtzebuerg virgestallt. Déi ass aus dem Juni 2019 a vun 1000 Leit, déi gefrot goufen, hunn 79,1% uginn platt Waasser ze drénken, 58,9% vum Wasser doheem an 10,3% am Secteur Horeca. D’Marque, d‘Ëmwelt an d’Nohaltegkeet sinn dem Konsument ganz wichteg, manner wéi de Präis. Déi 3 Marke vun de Sources Rosport, Classic, Blue a Viva, schneiden an alle Froen immens gutt of. Viva ass esouguer bei wäitem „top of mind“ vun allen Citatiounen. Rosport huet 26,16% Parts de Marché am Handel, an de Restauranten a Caffeën esouguer 42%. 2019 hunn d’Sources Rosport 33,8 Millioune Fläsche Waasser verkaft, 23,5 Millioune Liter, 3mol méi wéi 1985. Et ginn 21 Referenzen a bei de Fläschen huet d’Glas de PET elo neess iwwerholl. Deen ëmweltfrëndlechen Trend wëllen d’Sources Rosport dann och nach an den nächste Joeren ausbauen, och mam recycléierbare PET an den Emballagen vun de Fläschen an de Paletten. Niewt dem Wasser fann Dir och nach flott Inspiratiounsquellen op www.rosportlife.com.