
d’stäip, déi Escher Nohëllefschoul, ass zanter 25 Joer do fir d‘Schüler aus dem Fondamental an aus dem Secondaire mat Nohëllef an alle Fächer fir all Niveau. An och an der Corona-Kris ass hir Equipe prett fir d’Schüler an den nächste Woche bei hiren Aufgaben, Projetën a virun allem der Preparatioun op de Premières-Examen ze ënnerstëtzen: an dat online natiirlech, sief et am Eenzelunterricht oder zu puer an enger Konferenz. Kontaktéiert si ganz einfach iwwer de Site www.d-staip.lu an da klickt Dir do op „Online-Kueren“! d’stäip vun Esch an all hir Mataarbechter wënschen alle Schüler a Studente vill Courage beim Léieren, an denkt drun: d‘stäip hëlleft !